WAT MAACHE MIR?

GESONDHEET

Dir profitéiert vun engem 100% individuelle Coaching,
cibléiert op Är Erwaardungen an Är Besoinen.

D’Consultatiounen an d’Rotschléi baséieren op engem kompletten Ernärungskonzept, dat op de rezentsten an aktuelle wëssenschaftlechen a medezinesche Kenntnisser baséiert.

Zousätzlech zu den direkten Therapie fir Krankheeten, déi mat der Ernärung zesummenhänken, gehéiert e laangfristegt Resultat no der Ännerung vun den Iessgewunnechten zu der Philosophie vun HOUSE OF FITNESS 360.

Duerch eng einfach, systematesch an alldeeglech Praxis, déi duerch psychologesch an ernärungswëssenschaftlech Moyenen ënnerstëtzt gëtt, erreecht Dir Är individuell Ziler wéi, ënnert anerem, eng laangfristeg an dauerhaft Reduktioun vun Ärem Gewiicht, e Liewen ouni Péng, d’Therapie an d’Präventioun vun de psychosoziale Krankheeten, Allergien an Intoleranzen oder d’Verbesserung vun Äre physeschen a psychesche Performancen.

HOUSE OF FITNESS 360 verlaangt kee Regime.
HOUSE OF FITNESS 360 begleet Iech fir Är Gewunnechten ze änneren.

Är Erwaardungen -> eis Missioun

DIR HUTT HOUSE OF FITNESS 360 GEWIELT FIR

  • Är Ernärung fir Äert alldeeglecht Wuelbefannen ze adaptéieren (Middegkeet, Stress…)
  • Infektiounen ze verhënneren an d’Entzündunge vum Verdauungsapparat an de Gelenker ze reduzéieren
  • Häerzkreeslafkrankheeten a Stoffwiesselkrankheeten ze verhënneren
  • Gewiicht ze verléieren ouni Risiko fir d’Gesondheet
  • D’Fale vun eiser moderner Ernärung ze vermeiden
  • Géint d’virzäiteg Alterung an d’degenerativ Krankheeten ze kämpfen
  • Är medezinesch Behandlung ze begleeden an ze iwwerwaachen

Sport

  • Hutt Dir Iwwergewiicht a sidd ëmmer midd?
  • Oder Dir fillt Iech net wuel an Ärer Haut an Dir sidd net glécklech?
  • Oder Dir sidd gestresst an Dir hutt Réckwéi?
  • Dir sidd mat Äre Seancë beim Kiné no enger Verletzung fäerdeg a wëllt nees mat enger sportlecher Aktivitéit ufänken?
  • Dir wëllt Ären Handicap beim Golf verbesseren oder Iech op d’Schivakanz mat enger gudder physescher Preparatioun virbereeden?

EIS SERVICER

  • Gewiichtsverloscht
  • Fitness
  • Stäerkung vun de Muskelen
  • Spezifesch Programmer fir Senioren
  • Reathletisatioun fir Sportler
  • Physesch Preparatioun fir Sportler

FITNESS AM BETRIB

De Fitness am Betrib bréngt Ären Employéen

  • Méi Produktivitéit
  • Manner Krankeschäiner
  • Verbesserung vun Ären Employéen hirer Gesondheet
  • Reduktioun vum Stress
  • Verbesserung vun der Moral am Betrib
  • Verbesserung vun der Gewëssenhaftegkeet op der Aarbecht
  • Verbesserung vun Ären Employéen hirer Motivatioun
  • Attraktivitéit vum Betrib

GEESCHT

De personaliséierte Mentalcoaching ass eng spezialiséiert Begleedung fir d’Optimiséierung vun Ärem mënschlechen an organisatoresche Potential. De Mentalcoaching konzentréiert sech op d’psychologesch Prozesser, déi en Afloss op Är Gedanken, Är Emotiounen, Äre psychologeschen Zoustand an Äert Behuelen hunn.

D’Zil vun dësem Coaching ass et, Är Perséinlechkeet ze entwéckele fir Är Ziler ze erreechen, Iech besser u Verännerungen unzepassen an Är berufflech a perséinlech Erfolleger ze optimiséieren.

De Mentalcoaching ass en echten Accelerateur vun der Performance an eng efficace Léisung fir Ärem Liewen nei Energie ze ginn.

SEMINAIRË FIR BETRIBER: LIEWENSQUALITÉIT OP DER AARBECHT

“Besser op der Aarbecht liewe fir eng besser individuell a kollektiv Performance”.

HOUSE OF FITNESS 360 organiséiert Seminairen a Workshoppen iwwer d’Wuelbefannen an d’Liewensqualitéit op der Aarbecht.

Mir sinn iwwerzeegt, dass d’Wuelbefanne vun de Salariéen an de Entrepreneuren d’Quell vu grousser Produktivitéit an domat vun enger besserer Kompetitivitéit ass. Mir vertrieden d’Iddi, dass eis Demarche vun der Liewensqualitéit op der Aarbecht zum Zil huet, den Inhalt vun der Aarbecht duerch d’Verbesserung vun de Salariéen hiren Aarbechtskonditiounen an duerch d’global Performance vum Betrib ze iwwerdenken.

Redynamiséiert d’mënschlecht Kapital vun Ärem Betrib a stellt dat fundamentaalt Element vun all Succès an de Fokus: Äert mënschlecht Potential.

D’THEMAE VUM MENTALCOACHING

  • De Stress an d’Anxietéit geréieren
  • Är emotional Intelligenz entwéckelen
  • Äert Selbstvertraue verbesseren
  • Är Zäit an Är Prioritéite geréieren
  • Är Leadershipkapazitéite stäerken
  • Är Motivatioun verbesseren
  • Den Zesummenhalt vun der Equipe stäerken